Sie sind hier
Newsletter vun der Sektioun Péiteng

Zesummen aus der Kris eraus
Nom Tornado vun 2019, no der Covid19-Pandemie an elo mam Krich an der Ukrain an den domadder verbonnenen Energiepräisser, hu vill Bierger d’Gefill, datt mir eis an engem permanente Kriseszenario beweegen. Solidaritéit war, ass a bleift wuel nach eng ganz Zäit d’Wuert vun der Stonn, a gëtt esouwuel vun Associatiounen, de Gemengenautoritéiten, der Regierung, ma virun allem vun de Bierger gelieft an ëmgesat.
Et ass wichteg, dass mir eis an dësen Zäiten net decouragéiere loossen, an eis Gemeng am Interessi vun alle Bierger no vir bréngen. Mir mussen dobäi och uecht dinn, datt jidderee mat an d’Boot geholl gëtt.
D’DP huet vill interessant Iddie fir eis Gemeng. Ech freeë mech elo schonn drop, iech eis Proposen – zesumme mat enger staarker Ekipp – ze presentéieren.
Joël Majerus
President
Léif Matbiergerinnen a Matbierger,
Lues a lues kennt dës Legislatur, an domat mäin éischt Mandat als DP-Conseillère am Péitenger Gemengerot, op en Enn.
Et ass net mäi Stil, alles wëlle schlecht ze rieden, ma a ville Froe kann ech net mat der aktueller Majoritéit am Gemengerot averstane sinn. Ech presentéiere meng Kritik a meng Propositiounen dobäi ëmmer op eng konstruktiv a respektvoll Manéier am Conseil. Verschidden Iddie vu mir a menger Ekipp kënnt dir hei am Flyer noliesen. Wann dir wëllt méi Detailler gewuer ginn, da sinn ech zu all Ament disponibel, fir mat iech do-
riwwer ze diskutéieren.
Ech soen iech op alle Fall villmools Merci fir äert Vertrauen an de leschte Joren an hoffen op är weider Ënnerstëtzung, fir mech a meng jonk an dynamesch Ekipp bei de Gemengewalen 2023.
Marie-Louise Berens
Gemengeconseillère
Fir e Pedibus fir d’Schoulkanner an der Gemeng Péiteng
Stengefort, Esch, Suessem an och d’Stad Lëtzebuerg hunn e Pedibus, dee gutt fonctionéiert a bei deem d’Kanner zesummen an aller Sécherheet – an zur Zefriddenheet vun hiren Elteren – an d’Schoul an erëm heem kommen. Ma leider geet eise Schäfferot net mat op dee Wee a refuséiert aus net novollzéibare Grënn, fir dat Konzept och an der Gemeng Péiteng anzeféieren.
Dofir gëtt den Drock an d’Demande vun den Elteren a vun der politescher Oppositioun ëmmer méi grouss. Mir wäerten als DP op alle Fall weider dorunner schaffen, datt d’Majoritéit dee sënnvollen a moderne Projet och bei eis aféiert. Si sollt dem Pedibus op d’allermannst eng Testphas zougestoen an dono hir Zoustëmmung dofir ginn.
Jessica Majerus
Member vun der Schoulkommissioun
Fir eng propper Gemeng Péiteng
An der Gemeng Péiteng gëtt zwar schonn esou munneches fir den Ëmwelt- a Klimaschutz gemaach, ma et ass nach vill Sputt no uewen do. Als Member vun der Ëmweltkommissioun, ma virun allem als Mamm an als Boma, ass et mir wichteg, dass mir eis Ëmwelt respektéieren an eise Kanner a Kandskanner eng méiglechst propper Zukunft hannerloossen. Leider gesäit et den Ament dacks anescht aus. De Littering, wa Leit hire Knascht einfach esou ewech geheien, hëlt ëmmer méi zou an entwéckelt sech zu engem uerge Problem (z.B. duerch Zigarettestëmp). Zwar huet d’Gemeng symbolesch Placke bei de Gullien installéiert (Ici commence la mer). Ma fir d’Verknaschtung vun eiser Gemeng ze bekämpfen, muss d’Gemeng net nëmme sensibiliséieren, ma och genuch Dreckskëschten opstellen, déi reegelméisseg eidel gemaach ginn.
D’DP wäert hir Propose fir eng méi propper Gemeng an Ëmwelt an den nächste Méint publizéieren! Bis dohinner kënnt Dir jo eng Kéier mat der Ëmweltkommissioun op eng Botzaktioun kommen oder e Parrainage fir e Blummeback iwwerhuelen…
Nicole Bonn
Member vun der Ëmweltkommissioun
Der Jugend all Chancë ginn
D’Péitenger Jugend ass esou divers wéi déi ganz Gemeng, mat hiren ënnerschiddleche Suergen a Besoinen. Mat de Jugendhaiser zu Péiteng an zu Rodange gëtt et scho wichteg Ulafstellen, déi de Jonken eng Stäip an eng Ënnerstëtzung sinn.
D’Jugendkommissioun stellt, nieft villen aneren Aktivitéiten am ganze Joer – mam Hip Hop’n’Air a mam Rock the South – zwou ganz wichteg Plattformen, op deene jonk Kënschtler eng Bühn hunn, wou si sech géigesäiteg ënnerstëtzen a vunenee léiere kënnen.
An deem Kontext sollt an der Gemeng Péiteng och doriwwer nogeduecht ginn, ob een net sollt e Site fannen, op deem eng Kënschtlerresidenz fir jonk Artiste kéint ageriicht ginn. Änlech Initiative goufe scho mat Succès mam Déifferdenger 1535° Creative Hub oder mam Bâtiment 4 zu Esch realiséiert. Esou Kënschtlerresidenze wieren net just e konkrete Support fir jonk Kënschtler, ma se géifen och dozou bäidroen, d’Kulturzeen an der Gemeng ze diversifiéieren.
Mir musse méi fir déi Jonk maachen. Mir sinn hinnen dat schëlleg. Et brauch just déi richteg Iddien… an heiansdo eng Grimmel Courage.
Kevin Schoos
Member vun der Jugendkommissioun
Sortant ensemble de la crise
Après la tornade de 2019, la pandémie de covid19 et la hausse des prix de l'énergie en raison de la crise en Ukraine, de nombreux citoyens ont l’impression de ne plus pouvoir sortir du scénario de crise.
La solidarité a été et demeure le mot-clé de notre époque, qui est plein de signification à travers de nombreuses actions des associations, des autorités communales, du gouvernement et, surtout, des citoyens.
L'important est que nous continuions à rester motivés et à travailler dans l'intérêt de notre commune et de tous les citoyens, tout en prenant soin de ne pas oublier personne.
Nous avons de nombreuses idées intéressantes et je suis impatient de vous les présenter – ensemble avec une équipe dynamique et motivée.
Joel Majerus, Président de la section du DP de la commune de Pétange
Chers concitoyennes et concitoyens,
Peu à peu nous arrivons à la fin de l’actuelle législature et donc à la fin de mon premier mandat en tant que membre du conseil communal de Pétange pour le parti démocratique. Cependant, il y a eu un grand nombre de décisions prises par la majorité actuelle avec lesquelles je ne pouvais tout simplement pas être d'accord. Je fais de mon mieux afin de travailler de manière constructive et respectueuse. Vous pouvez trouver certaines de nos idées dans notre flyer. Or, si vous désirez plus d‘informations, n’hésitez pas à nous contacter pour en discuter.
Je vous remercie de votre confiance et j'espère pouvoir compter sur votre appui envers moi et mon équipe jeune et motivée lors des élections municipales de 2023.
Marie-Louise Berens, Conseillère communale
Un Pedibus pour les enfants de la commune de Pétange
Steinfort, Esch-sur-Alzette, Sanem ou encore la Ville de Luxembourg. Toutes ces villes ont un Pedibus qui fonctionne très bien à la satisfaction des parents car le Pedibus mène les enfants à l’école en toute sécurité. Malheureusement, le Collège des bourgmestre et échevins refuse, sans vraie explication, d’entamer la réalisation du Pedibus au sein de la Commune de Pétange.
Or, la pression des parents et de l’opposition politique monte. En tant que DP nous continuerons à promouvoir le Pedibus afin qu’il soit introduit dans notre commune. Au moins il faudrait donner une chance à l’initiative lors d’une phase d’essai afin de vérifier la nécessité du projet.
Jessica Majerus, Membre de la commission scolaire
Pour une commune plus soignée
La commune de Pétange a encore de nombreux devoir à faire dans le domaine de la protection de l’environnement et du climat. En tant que membre de la Commission de l’environnement, mais surtout en tant que maman et grand-mère, il me tient à cœur que nous respections l’environnement et laissions un environnement propre aux générations à venir. Le Littering, le fait de jeter les déchets dans la nature, ne cesse d’augmenter et devient un réel problème. Bien que l’administration communale ait installé des plaquettes (Ici commence la mer) auprès des conduits d’écoulement, la commune doit sensibiliser davantage et installer plus de poubelles.
Le DP publiera ses idées pour une commune plus propre dans les semaines à venir. Or, nous invitons d’ores et déjà tous nos concitoyens à participer au Plogging organisé par la Commission de l’environnement ou de parrainer un carré de fleurs.
Nicole Bonn, Membre de la Commission de l’environnement
Donner toutes les chances à la jeunesse
Les jeunes de la commune de Pétange sont diversifiés et représentent différentes préoccupations et besoins. Pendant que les maisons de jeunes à Pétange et Rodange représentant des points de repère essentiels aux jeunes de Pétange, la Commission de la Jeunesse entreprends multiples initiatives pour les jeunes, notamment le Hip Hop’n’Air et le Rock the South, deux plateformes importantes permettant aux jeunes athlètes de se supporter et d’apprendre es autres. Dans ce contexte, de nouvelles initiatives telles qu‘une résidence artiste s’avèrent opportunes. Une telle résidence d’artistes ne permettrait non seulement aux jeunes artistes de réaliser leurs talents mais aussi de diversifier la scène culturelle de la Commune de Pétange.
Nous devons agir afin de présenter des perspectives aux jeunes. Il nous faut que les bonnes idées.
Kevin Schoos, Membre de la commission de la jeunesse
Anhang | Größe |
---|---|
![]() | 5.56 MB |