Sie sind hier

Mam Marie-Louise an d'Landeswahlen

Marie-Louise dite Molly Berens veuve Bouché

D’Marie-Louise Bouché-Berens huet 66 Joer an ass pensionéiert eegestänneg Coiffeuse vu Rodange an der Gemeng Péiteng.

Dass d’Marie-Louise, oder Molly, wéi hatt och vu senge Frënn genannt gëtt, bedeit d’Pensioun awer nach laang kee Rouhzoustand.

 

D’Marie-Louise setzt net nëmme fir d’Demokratesch Partei am Péitenger Gemengerot, wou hatt duerch eng konstruktiv Oppositiounsaarbecht opfält. Hatt engagéiert sech doriwwer eraus an der Péitenger DP-Sektioun an an der Amicale vum Nidderkuerer Altersheem, wou hatt éierenamtlech täteg ass. A senger Fräizäit sengt d'Marie-Louise an, virun allem em d'Adventszäit, hëlleft hatt de Guiden a Scoute vun Déifferdeng fir Adventskränz hierzestellen.

 

Wat mëscht d’Marie-Louise zu enger gudder Kandidatin?

 

D’Marie-Louise weess, wat hatt well a ka mat Sécherheet als Powerfra bezeechent ginn.

Zu enger Zäit, an där et fir eng Fra net einfach war, beruffstäteg oder esou guer eegestänneg ze sinn, ass hatt säi Wee gaangen, huet ni de Mond gehalen an ni vergiess, wou hatt hir kënnt. Net just hat hatt säin eegene Betrib, mee huet sech als eleng erzéiend Mamm em seng Duechter gekëmmert.

Wat d’Marie-Louise upéckt, mëscht hatt fäerdeg an dat mat vollem Elan. No all Liewenskris huet hatt sech erëm opgerappt a weider no vir gekuckt. Als Handwierkerin weess hatt iwwer d’Suergen an Interessie vun den Handwierker, besonnesch aus de klengen a mëttelstännege Betriber gutt.

 

Als lokal Sektioun a Frënn vum Marie-Louise si mir frou, dass mir esou eng fäeg Kandidatin kenne mat an d’Chamberswahlen am kommenden Oktober schécken. Mir wäerten hatt déi kommend Woche mat aller Kraaft ënnerstëtzen a soen him Merci fir säin Engagement