Sie sind hier

Gemengerot vum 16. Juni 2019

Marie-Louise dite Molly Berens veuve Bouché

De 16. Juni gouf am Péitenger Gemengerot iwwer e puer ganz wichteg Dossieren ofgestëmmt, déi d’Schoul- a Kulturwiese vun der Gemeng e grousse Schratt no vir brénge wäerten.

 

Engersäits goung et em déi nei Museksschoul, déi wäert am Péitenger Zentrum entstoen. Eis Gemengeconseillère, d’Marie-Louise Bouché-Berens, ënnerstëtzt zesumme mat hirer Sektioun dëse wichtege Projet, bedauert allerdéngs, dass d’Pläng bis elo wéineg Gréngfläche virgesinn, a virun allem Bëtong a Glas wäert ze gesi sinn.

 

Och wann esou eng modern Infrastruktur net onendlech Spillraum fir Begréngung léisst, wier et dach net onméiglech, ënnerschiddlech Forme vu Vegetatioun bannen a bausse vum Gebai ze installéieren.

 

Mir hoffe wierklech, dass do nach deementspriechend Upassunge kenne virgesi ginn oder dass eng aner Méiglechkeet fir Planzen am a ronderëm d’Gebai geschafe ginn.

 

Eis Conseillère huet awer och hiren Onmutt doriwwer geäussert, dass den Auditoire vun der Museksschoul fir Mënsche, déi am Rollstull setzen oder och soss an hirer Mobilitéit ageschränkt sinn, nëmme begrenzt wäerten Zougank zu Concerte oder soss Veranstaltungen am Sall hunn. Et sinn zwar Plaze fir Rollstill virgesinn, déi sinn allerdéngs relativ enk a ginn och net déi bescht Vu op d’Bühn.

 

Inclusioun stelle mir eis hei sécherlech anescht vir. Och déi eeler Leit aus der Seniorie hätten heivu ganz bestëmmt profitéiert.

Och hei fuerdere mir de Schäfferot op, Adaptatiounen auszeschaffen, fir dass dëse wäertvollen, ma deiere Projet – ëmmerhi kascht déi nei Museksschoul méi wéi 26 Milliounen Euro – vu méiglechst ville Mënsche kann optimal genotzt ginn.

 

 

E weidere wichtege Projet, dee bei de Gemengeconseilleren am Allgemenge fir  méi Zefriddenheet gesuergt huet, ass de Bau vun enger neier Schoul mat enger Maison Relais zu Lamadelaine.

 

Net just fënnt eis Conseillère, dass sech de Bauprojet als Ganzt harmonesch an d’Rollenger Duerfbild wäert afügen. Och ass hei vum zoustännegen Architektebüro u villes geduecht ginn, wat de Projet ofronnt. Sou si mir besonnesch frou doriwwer, dass déi Responsabel vum Projet de Kontakt mat ënnerschiddleche Strukturen, wéi beispillsweis ADAPTH, mee och mam Waasserwirtschaftsamt, de Pompjeeën an anere gesicht hunn, fir de Projet engersäits immens zougänglech an anerersäits op villen Niveauen nohalteg ze plangen.

Do, wou anerer am Gemengerot de méigleche Geroch vum Bauerenhaff visavis fäerten, begréisse mir, dass sech deen neie Komplex esou gutt wäert an den Duerfcharakter vum ländlechste vun eisen dräi Dierfer wäert afügen.

 

Et ass sécherlech e Beispill fir eng gelongen Zesummenaarbecht, déi de Rollenger Kanner wäert zegutt kommen. Aus dësem Grond ënnerstëtze mir de virgestallte Projet net just, mee begréissen  en ausdrécklech!

 

Fir dass verschidde Feeler an der Planung an Zukunft net méi geschéien, fuerdere mir de Schäfferot entschloss op, Wäert dorop ze leeën, dass d’Architektebüroen sech bei all Bau- a Renovatiounsprojet mat Acteuren aus dem Secteur zesumme setzen, fir dass eis Gemengegebaier méiglechst Jidderengem zougänglech gemaach ginn a mer esou d’Inclusioun an eiser Gemeng virun dreiwen!

AnhangGröße
PDF icon Gemengerot 16072019.pdf75.43 KB