Sie sind hier

D'Marie-Louise freet no...

Marie-Louise dite Molly Berens veuve Bouché

Eis Gemengeconseillère huet beim Schäfferot nogefrot wéi et ëm d’Sécherheet an d’Infrastrukturen an der PIKO zu Rodange steet.

 

 

Am Kader vun der Summervakanz 2019 wollt eis Gemengeconseillère, d’Marie-Louise Berens vum Schäfferot Informatiounen zum Fonctionnement vun der PIKO-Schwemm zu Rodange kréien.

 

Esou si mir beispillsweis gewuer ginn, dass de Whirlpool, dee schonn eng Zäit net méi fir de Public op ass, futti ass an et sech virun de geplangte Renovéierungsaarbechten net méi lount, dësen ze flécken. De Moment géif awer gekuckt ginn, dass e bis dohin awer erëm kéint genotzt ginn.

 

Och krute mir matgedeelt, dass d’PIKO ab 2020 personaltechnesch besser wäert besat sinn.

 

Hisiichtlech der Kleederuerdnung géifen déi selwecht Reegelen, wéi an anere Schwämmen applizéiert. Bei 1400 Visiteuren am Summer kéint d’Anhale vun dëse Reegelen allerdéngs net ëmmer zu 100% iwwerwaacht ginn.

 

Net zefridde si mir mat der Äntwert, firwat am Juli, wou et vill gereent huet, Waasser duerch den Daach an d’Schwämm gelaf ass. De Schäfferot deelt mat, et géif sech net ëm eng ondicht Plaz am Daach handelen, ma den Oflaf géif d’Waasser net ëmmer packen. Och wann et sech heibäi ëm eng Ausnamesituatioun handelt, muss dach dofir gesuergt ginn, dass d’Waasser korrekt ofleeft an net duerch den Daach zitt!

 

 

Liest hei déi detailléiert Fro, grad ewéi d’Äntwert vum Schäfferot!

AnhangGröße
PDF icon PIKO-merged.pdf7.63 MB