Sie sind hier
D'Marie-Louise freet no...
25/10/2019
Marie-Louise dite Molly Berens veuve Bouché

Eis Conseillère huet beim Schäfferot nogefrot, wéi eng Fortschrëtter am Dossier Bicherschaf gemaach goufen.
Säit laangem fuerdere mir, dass endlech Bicherschief an eise Gemeng opgestallt ginn. Nodeems eis Gemengeconseillère, d’Marie-Louise Berens schonn am Mee 2018 nogefrot hat, wou mir am Dossier Bicherschaf dru sinn, an déi besot Bicherschief dëst Joer souguer am Budget stinn, hu mir op en neits wëlle wëssen, wéini d’Gemeng Péiteng esou eng Infrastruktur endlech kennt.
De Schäfferot huet eis geäntwert, dass de Gemengerot de Projet nach dëst Joer wäert virgeluecht kréien. Et si jo zu Péiteng op der Gemengeplaz an zu Rodange um Shared Space jeeweils ee Bicherschaf virgesinn.
Liest hei eis Fro an d’Äntwert vum Schäfferot!
Anhang | Größe |
---|---|
![]() | 3 MB |