Sie sind hier

D'Marie-Louise freet no...

Marie-Louise dite Molly Berens veuve Bouché

Eis Gemengeconseillère huet beim Schäfferot nogefrot... wéi et bei de ville Chantieren an der Gemeng mat der Sécherheet ausgesäit.

 

Um Méindeg, 1. Abrëll 2019, ass de Péitenger Gemengerot zesumme komm.

Eis Gemengeconseillère, d'Marie-Louise Berens huet hei direkt e puer Mol d’Wuert ergraff, fir op Mëssstänn am Kader vu Chantieren hinzeweisen an heizou Informatiounen ze kréien.

 

Ënner dem Punkt 4.2, wou et ëm den Devis fir Astandsetzungsaarbechten un der Iwwerwaachungsstruktur vun der Waasserversuergung gaangen ass, huet d’Marie-Louise drop verwisen, dass metalle Placke vum Chantier hanner dem Vullesang, wou Fuitte reparéiert goufen, relativ laang do louche bis se ewech geholl goufen.

 

Elo ass et awer och esou, dass am Plon, wou de Chantier duerchgefouert gouf, nach ëmmer e grousst Lach opsteet. Zwar ass et ofgeséchert, mee eis Conseillère wollt vum zoustännege Schäffe wëssen, ob dat Lach vergiess gouf zouzemaachen, et opbleiwe soll oder wat soss do geschitt.

 

De Schäffen Halsdorf huet versprach, sech do schlau ze maachen an de Gemengerot zur nächster Sitzung ze informéieren. Mir si gespaant, wat et mat deem Lach op sech huet.

 

Ënner dem Punkt 9.2 dann, wou et ëm eng zäitweileg Trottoirspärung  am Kader vum Chantier vun enger Residence geet, huet d'Marie-Louise dem zoustännege Schäffen hiren Onmutt doriwwer matgedeelt, dass an der Gemeng vill Chantieren net adequat ofgeséchert sinn. Esou ass beispillsweis an der rue des Prèsvillen Autofuerer net kloer ass, wien op Héicht vum Sudgaz-Chantier Virfaart huet. Hei wollt eis Conseillère wëssen, firwat hei net mat roude Luuchten oder mat enger Einbahnregelung gefuer gouf.

 

De Schäffe Mertzig huet heirop geäntwert, dass rout Luuchten e Stau hätte kënne provozéieren, dee bis bei d'Porte de Lamadelaine géif goen an do en zousätzleche Risk kéint verursaachen. Och eng Einbahnregelung wier net esou einfach, well et sech effektiv ëm eng Staats- an net ëm eng Gemengestrooss géif handelen.

D'Conclusioun, all Chantier wier ebe mat engem Geforepunkt verbonnen, wëlle mir esou allerdéngs net hinhuelen. Egal wien e Chantier duerchféiert, muss alles maachen, fir Geforesituatioune fréizäiteg ze erkennen an ze verhënneren.

 

De ganze Gemengerot fannt Dir hei!

AnhangGröße
PDF icon Gemengerot 01042019.pdf89.41 KB