Sie sind hier

D'Marie-Louise freet no...

De 14. November 2018 huet eis Gemengeconseillère, d’Marie-Louise Berens, beim Schäfferot nogefrot, ob et an der Gemeng Péiteng en Terrain gëtt, wou méiglecherweis schonn Uebstbeem stinn – respektiv wou heemesch Uebstbeem kéinten ugeplanzt kënne ginn – a wou en ëffentleche Bongert kéint opgemaach ginn, wéi et e säit kuerzem zu Diddeleng gëtt. An dësem ëffentleche Bongert kënnen d’Awunner aus der Gemeng hiert Uebst plécke goen, ouni dofir mussen ze bezuelen. Dëst kënnt net just deene Leit ze gutt, déi selwer kee Gaart hunn, mee gäre frëscht Uebst selwer ubauen. En ëffentleche Bongert kann och dobäi hëllefen, Bierger finanziell ze entlaaschten.

Konkret hate mir schonn un den Terrain hannert der Rodanger Fonderieschoul geduecht, wou bekanntlech schonn Uebstbeem stinn.

Op d’Fro vum Marie-Louise Berens huet de Schäfferot den 3. Dezember geäntwert, dass d’Gemeng Péiteng am Besetz vun 3 Bongerten ass.

De vun eis ugeschwaten Terrain zu Rodange, grad ewéi e Bongert hannert dem Centre de Loisirs zu Rolleng, gi laut dem Schäfferot vun der Associatioun CIGL Pétange a.s.b.l. an der Rei gehalen. D’Uebst, dat hei ka gepléckt ginn, géif am Kurbuttek zu Péiteng verkaf. Och géifen d’Friichten aus dësen zwee Bongerten der Naturschoul vun der Rolléngermillen, grad esou wéi Kanneraktivitéiten am Kader vum Ëmweltdiplom ze gutt kommen.

Och wier am Bongert hannert der Fonderieschoul e Projet vu SICONA SUD-OUEST e Projet am Zesummenhang mat Päiperlekswisen ugefaange ginn.

En drëtte Bongert wier dann zu Rolleng hannert de Weieren entstanen, fir aner Mesuren ze kompenséieren. Dëse Bongert géif vu Béischte beweed ginn. Net präziséiert huet de Schäfferot, wéi wäit d’Beem an dësem Bongert scho gewuess ginn an ab wéini do kënne Friichte gepléckt ginn.

Esou bal an dësem Bongert Friichte wuessen, wier dat eventuell eng Méiglechkeet, de Bongert fir d’Awunner aus der Gemeng opzemaachen, wa keng Béischten dra stinn. Esou kéinten d’Awunner direkt vun dëser Kompensatiounsmoossnam profitéieren. Dëst erschéngt eis besonnesch wichteg an enger Zäit, wou d’Bierger ëmmer manner d’Gefill dofir kréien, wou hir Liewensmëttel iwwerhaapt hierkommen.

Mir bleiwen op alle Fall drun an halen och dësen Dossier méi genau am Bléck.

AnhangGröße
PDF icon DP Bongert.pdf74.98 KB