Sie sind hier

D'Marie-Louise freet no...

Eis Gemengeconseillère huet beim Schäfferot nogefrot... op bei den hëlzenen Observatoire am Biotop am Plon net eng zousätzlech Dreckskëscht kann hikommen… a wéini de Knascht vun de Botzaarbecht de leschten Hierscht endlech ginn.

Rezent gouf eis Gemengeconseillère, d’Marie-Louise, vun engem Bierger aus der Gemeng drop opmierksam gemaach, dass beim hëlzene Biotop am Plon, ganz besonnesch am Summer, wou den Observatoire zu engem beléiften Treffpunkt gëtt, reegelméisseg vill Knascht läit, awer keng Dreckskëscht do steet.

Den 30. Mee 2018 huet d’Marie-Louise aus dësem Grond eng schrëftlech Ufro un de Schäfferot gestalt, ob et net méiglech wier, op där Plaz eng Dreckskëscht opzehänken.

Den 28. Juni 2018 huet de Schäfferot schrëftlech matgedeelt, dass opgrond vun dëser Ufro elo de 14. Juni eng Dreckskëscht op dëser Plaz opgehaange gouf.

Mir freeën eis, dass dëse Virschlag berécksiichtegt gouf a weisen dorop hin, dass allgemeng misst evaluéiert ginn, op wéi enge Plazen uechter d’Gemeng nach Dreckskëschte feelen.

 

En anere Mëssstand, den d’Marie-Louise an enger schrëftlecher Ufro vum 30. Mee un de Schäfferot thematiséiert huet, sinn d’Hannerloossenschafte vun de leschte Botzaarbechten am besote Biotop. 

Obwuel eis Gemengeconseillère den zoustännege Schäffen e puer mol dorop ugeschwat hat, dass d’Reschter vun de Botzaarbechte vu November 2017 un um Bord vum Spadséierwee louchen, sinn des net ewechgeholl ginn. An hirer Fro un de Schäfferot huet d´Marie-Louise gefrot wéini des Offäll endlech ewechgeholl géifen.

A senger Äntwert vum 28. Juni 2018 deelt de Schäfferot mat, dass déi besoten Offäll bis kierzlech net konnten ewechgeholl ginn, well et eng gréisser Pann um Trakter vum zoustännege Gemengeservice ginn hätt. Och déi schlecht Wiederkonditiounen hätte Botzaarbechten erschwéiert.

De betraffenen Trakter wier awer elo gefléckt an d’Offäll wieren tëscht dem 15. an dem 19. Juni ewechgeholl ginn.

Mir huelen zur Kenntnis, dass des Botzaarbecht elo endlech, no iwwert engem hallwe Joer, erleedegt goufen. Mir verstinn allerdéngs net, a wéi engem Kontext d’Trakterspann mat de schlechte Wiederkonditioune steet.

Och wa Gemengematerial emol futti ass, dierf dëst kee Grond sinn, dass Aarbechten, déi ustinn, esou laang net an Ugrëff geholl ginn. E Gemengeservice dierf duerch esou eng Pann net geläämt ginn a muss no Alternative siche kënnen.

AnhangGröße
PDF icon DP Am Plon.pdf78.87 KB