Sie sind hier
D'Marie-Louise freet no...

Eis Gemengeconseillère, d’Marie-Louise, huet scho virun e puer Joer Ureegunge fir d’Schafe vun engem ëffentleche Bicherschaf, wéi en och schonn an anere Gemenge steet, geäussert.
Well de Bicherschaf dëst Joer am Gemengebudget steet an de Sujet schonn an der Kulturkommissioun diskutéiert gouf, wollt d’Marie-Louise an enger schrëftlecher Ufro vum 30. Mee 2018 vum Schäfferot wëssen, wéini dëse Bicherschaf da konkret opgestallt gëtt.
A senger Äntwert un d’Marie-Louise confirméiert de Schäfferot, dass e Bicherschaf an d’Gemeng Péiteng kennt. D’Kulturkommissioun hätt an hirer Sëtzung vum 11. Juni 2018 iwwer dëse Projet deliberéiert a verschidde Plaze virgeschloen.
Den 22. Juni hätt dunn de Schäfferot d’Decisioun geholl, datt esouwuel e Bicherschaf an de nei geschaafte „Shared Space“ beim Kulturzentrum am Zentrum vu Rodange soll kommen, ewéi och op déi reamenagéiert Plaz virum Stadhaus zu Péiteng.
Weider huet de Schäfferot eis a senger Äntwert doriwwer informéiert, dass op de selwechte Plazen zwee elektronesch Panneaue sollen opgestallt ginn, fir d’Bierger iwwer Manifestatiounen an der Gemeng ze informéieren.
Déi Gemengeverantwortlech géifen elo op konkret Propositioune vu den zoustännege Beamte vum technesche Service waarden, fir des Projeten ze realiséieren.
Mir freeën eis doriwwer, dass et am Dossier Bicherschaf elo endlech viru geet an hoffen, dass dëse schnellstméiglech Realitéit gëtt!
Anhang | Größe |
---|---|
![]() | 77.99 KB |