Sie sind hier
D'Marie-Louise freet no...

Well eis Gemengeconseillère, d’Marie-Louise Bouché-Berens, no enger Foussoperatioun an hirer Beweegungsfräiheet liicht ageschränkt war, huet si op de P-Bus zréckgräife wëllen, fir op Nidderkuer an d’Altersheem ze fueren, wou si benevole täteg ass.
Zu dem Zäitpunkt wousst si net, dass de P-Bus déi betraffe Bierger aus der Gemeng Péiteng just an der Gemeng vun A op B féiert, esou wéi op Nidderkuer an d’Spidol... net awer an d’Altersheem!
Wärend si eng éischt Kéier vun engem Chauffeur ouni Problem bei d’Altersheem gefouert gouf, krut si bei der zweeter Kéier gesot, d’Chauffeuren dierften d’Altersheem guer net ufueren.
Well an der Gemeng Péiteng awer eng ganz Rei eeler Leit liewen, déi Frënn a Familljememberen am Nidderkuerer Altersheem hunn, huet eis Gemengeconseillère beim Schäfferot nogefrot, op et net méiglech wier, och d’Nidderkuerer Altersheim unzefueren. wier ëmsou méi sënnvoll, well d’Altersheim u sech um direkte Wee tëscht Péiteng an dem Nidderkuerer Spidol läit.
Vum Schäfferot krut eis Conseillère d’Äntwert, dass de Kontrakt mam aktuelle Bedreiwer vum P-Bus Enn des Jores ausleeft an dofir d’Verbindlechkeete vum Kontrakt net méi geännert ginn.
Mir fuerderen dowéinst, dass d’Nidderkuerer Altersheem bei Verhandlunge mam nächsten Déngschtleeschter, den de Service vum P-Bus wäert iwwerhuelen, berécksiichtegt gëtt a kann ugefuer ginn.
Eis geet et net drëms, dass de P-Bus soll duerch d’halleft Land fueren. Mir als Liberal sinn allerdéngs iwwerzeegt, dass eng P-Bus-Statioun beim Nidderkuerer Altersheem d’Eegestännegkeet an d’Mobilitéit (an domat virun allem Liewensqualitéit) vun den eelere Leit an eiser Gemeng nëmme ka verbesseren, ouni och nëmmen de geréngsten Ëmstand ze maachen!
Mir bleiwen op alle Fall un dësem Dossier drun an halen d’Verhandlungen am... versprach!
Anhang | Größe |
---|---|
![]() | 74.26 KB |