Sie sind hier

Kevin Schoos

De Kevin Schoos huet 23 Joer an ass säit Mäerz 2016 an Demokratescher Partei aktiv. Bis 2017 huet hien an der Gemeng Dippech gewunnt. Elo wunnt hien zu Rodange.

 

Hien ass an enger glécklecher Bezéiung an huet e Bachelor a Politikwëssenschaften an an der Geschicht. Momentan bereet hien e Master an der Demokratescher Politik a Kommunikatioun vir.

A senger Fräizäit reest de Kevin gär a vill duerch Europa. Hee liest gär an ass ëmmer iwwer d Aktualitéit am Bild.

 

De Kevin engagéiert sech an der Demokratescher Partei, well hien iwwerzeegt ass, dass déi individuell Fräiheet vun all eenzelem vun Eis dat héchst Gutt ass, dat mir hunn.

Entscheedunge sollten dofir net duerch Zwang oder Verbuet duerchgesat zustane kommen, mee duerch Informatioun a Motivatioun.